arrow_back_ios
Kultur
3.000 Feierblumme fir d'Münchner Friedenswochen
"Krieg 3.0? Sicherheit neu denken, Schluss mit der ständigen Aufrüstung!" esou sinn d'Münchner Friedenswochen tëschent dem 3. an dem 25. November iwwerschriwwen. Verschidde Gruppen an Organisatiounen invitéieren op Ausstellungen, Konferenzen, Aktiounen plus Concerten, fir nei Konzepter a Forme fir eng gewaltfräi Konfliktléisung ze entwéckelen. De Kënschtler Walter Kuhn setzt op eng Zort stommen ästhetesche Protest géint riets. Explikatioune vum Kerstin Thalau.