arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Sopran bis Bariton
D'Iechternacher Museksschoul feiert dëst Joer hire 50. Anniversaire a mécht dat mat ganz ënnerschiddleche musikaleschen Aktivitéiten. Dëser Deeg huet si den Deutsches Saxophonensemble fir zwee Projeten invitéiert: engersäits Concerte fir Klassen aus der Primaireschoul ënner dem Motto "Sax und Moritz" an anerersäits ee Concert iwwermuer Sonndeg (14.10.2018) mat Musek aus dem klassesche Repertoire.