Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Ambigu Post-LuxLeaks-Visiounen an de Wahlprogrammer

Spéitstens zanter dem LuxLeaks-Skandal kuckt Europa zimlech genee op d'Lëtzebuerger Steierpolitik. Lëtzebuerg géif elo, véier Joer dono, een anere Steier-Modell vertrieden, soen déi Responsabel haut gären. Mee wéi een? A wéi soll sech Lëtzebuerg an Zukunft an deem Gebitt op der europäescher Tribün presentéieren?

Eng Analys vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

  • Nei Steier fir Internet - Entreprisen

    D'Europäesch Kommissioun a presentéiert nei Regelen fir d'Besteierung vun Internet-Entreprisen. Betraff sin awer nëmme bestëmmten Aktivitéiten.

     

  • D'EU-Kommissioun wëllt d'Investitioune méi gréng maachen

    D'Objektiv ass et, 180 Milliarden Euro a Projeten ze stiechen, déi d'Ëmwelt wéineg belaaschten.

  • D'Affär Selmayr

    D'EU Kommissioun ass an Turbulenzen no der Nominatioun vum Däitsche Martin Selmayr op de Poste vum Generalsekretär vun der Kommissioun.

  • D'EU spillt mat de Muskelen

    D'EU ass prett mat Douanes-Taxen ze reagéieren op d'Annonce vun den USA, Stroftaxen op auslänneschem Stol anzeféieren.

  • Nei Regelen fir detachéiert Salariéen

    Et gouf ee provisoreschen Accord fir eng EU-Direktiv iwwert detachéiert Salariéen. Kritiséiert gëtt, datt den Transport-Secteur net drënner fält.

  • Wéivill däerf Europa kaschten?

    Um Eu-Sommet gëtt iwwert de Budget nom Brexit diskutéiert. Muss méi an d'Keess abezuelt ginn? Net jiddereen ass domat d'accord. Lëtzebuerg ass net dogéint.

  • EU-Tierkei - keng Normaliséierung vun de Relatiounen

    D'Tierkei hätt gären, datt sech d'Relatioune mam europäeschen Ausland normaliséieren. Wéi soll sech d'EU behuelen?

     

  • Europäesch Komissioun net eendeiteg

    D'Iddi vum Spëtzekandidat bei den Europawahle soll bäibehale ginn, fënnt d'Europäesch Kommissioun. Allerdéngs ass hir Positioun net ganz konsequent.

  • Nei Dateschutzregelen: Lëtzebuerg ass nach net prett

    Vum 25. Mee u gëllen nei Dateschutzregelen. Bis elo hunn nëmme zwee EU-Länner déi néideg Preparatioune gemaach.

  • Europawäit Wahllëschte fir 2019?

    D'Europaparlament diskutéiert iwwer eng trans-national Wahllëscht, déi fir d'ganz Unioun gëlle géif. D'Iddi ass zimlech ëmstridden.  

  • "Eng Evolutioun, keng Revolution"

    Wéini geréit een fréieren EU-Kommmissär an een Interessenskonflikt? De neie Code de Conduite vun der Europäescher Kommissioun trëtt a Kraaft.

  • Bauereverbänn warne vrun EU-Handelsofkommes mat Südamerika

    Europäesch Baueren schloen Alarm: En Handelsofkommes mat südamerikanesche Länner kéint dofir suergen, datt d'Baueren an der EU de Kierzeren zéien.

     

  • EU setzt weider op Biosprit

    D'Europaparlament hält weider u Biosprit fest, setzt awer Limitten. Den Asaz vu Palmenueleg fir Biosprit soll vun 2020 u verbuede ginn.

  • EU hält um Atomdeal mam Iran fest

    Den Donald Trump huet sech kloer hannert d'Demonstranten am Iran gestallt, d'EU hält sech zréck. Et gëtt um Atom Deal festgehalen, sou den Haaptmessage.

  • Grenzsträit um Balkan zitt gréisser Kreesser

    Slowenien a Kroatien si sech net eens iwwert d'Grenz am Waasser. De Sträit kéint de Bäitrëtt vu weidere Balkanlänner blockéieren.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen