arrow_back_ios
Commentaire
E sanitäre Skandal vun der afrikanescher Schwéngspescht
Et war den 13. September, wéi an engem Bësch bei Etalle hei vir an der Belsch zwee Wëllschwäin fonnt goufen, déi un der afrikanescher Schwéngspescht gestuerwe waren, eng viral Krankheet déi schonn zanter Joren an Osteuropa present ass. Mëttlerweil goufe 15 infektéiert Wëllschwäikadavere fonnt, an de federalen Agrarminister Denis Ducarme huet déi lescht Woch decidéiert, datt 4.000 gesond Schwäin an der betraffener Zon missten euthanaséiert ginn.
Eng Auslandschronik vum Georges Kohnen.