Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

Lëtzebuerger Filmpräis, afroamerikanesche Kino an nei Filmer

E kuerze Bléck op déi aacht Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis, d'Retrospektiv vum afroamerikanesche Realisateur Spike Lee an déi nei Filmer am Kino mat ënner anerem dem "Blackkklansman" vum Spike Lee, dem "Papillon" vum Michael Noer an zwee Documentairen: "Ashcan" vum Willy Perelsztejn an "Auf der Suche nach Ingmar Bergman" vun der däitscher Realisatrice Margarethe von Trotta.

Musek:

  1. Theme and Polka vum Takanobu Saito aus dem Film Late Autumn vum Yasujiro Ozu
  2. Julien et Barbara vum Georges Delerue aus dem Film 2046 vum Kar-Wai Wong
  3. Hedwig's Theme vum John Williams aus dem Film Harry Potter and the Philosopher's Stone vum Chris Columbus
  4. Final (Take 2) vum Miles Davis aus dem Film Ascenseur pour l'échafaud vum Louis Malle
  5. Jai Ho vum A R Rahman featuring Sukhvinder Singh, Tanvi Shah & Mahalaxmi Iyer aus dem Film Slumdog Millionaire vum Danny Boyle

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen