Commentaire
Eise Wahlsystem zerstéiert déi politesch Debatt
Wa mir de 14. Oktober en neit Parlament wielen, ass et fir t'éischte Kéier, datt d'Medie kënne bis zu fënnef Deeg virum Wahldag Sondagë publizéieren. E Gesetz vun Dezember 2015 huet deen Delai reduzéiert. Virdru waren d'Ëmfroe déi 30 lescht Deeg vun der Wahlcampagne verbueden. Interessanterweis wäert trotzdeem keng Sonndesfro méi virum Wahldag verëffentlecht ginn. Déi aktuellst Ëmfro iwwer de Wahlausgang datéiert also vu Juni dësem Joer. De Problem dobäi sinn awer net d'Sondagen, mee de Lëtzebuerger Wahlsystem. Eng Chronik vum Jean-Claude Franck.