Klassik aktuell
The Beggar's Opera
An där Zäit, wéi an England pompös Opere vum Händel mat Parrécken a gepudderte Gesichter gespillt goufen, huet den John Gay eng Oper fir d'Vollek zesummegestallt - mat der Hëllef vum Johann Christoph Pepusch. D'Resultat ass eng Satir iwwer de Londoner Underground, d'Korruptioun, mee och eng Kritik un der Operegattung vun der besserer Gesellschaft. De bekannte Regisseur Robert Carsen, de William Christie an den Ensembel Les Arts Florissants hunn zesummen "The Beggar's Opera" vum John Gay op haut adaptéiert. De Manuel Ribeiro huet sech mam Regisseur Robert Carsen ënnerhalen.