Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Den Eurobarometer - eng haart Noss fir déi europäesch Decideuren

Wéi soll een d'Chiffere vum Eurobarometer wäerten? Virun den Europawahlen dreift déi Fro d'Vermëttler vun der europäescher Kommissioun ëm. Vun 1974 un ass dës Enquête - déi zäitgläich a 34 europäesche Länner duerchgefouert gëtt - eng Valeur sûre. Den Eurobarometer ass en Indikator fir d'Relatioun tëschent Bierger an Institutiounen, eng Referenz a Legitimatioun fir d'Decideuren, an e generellt Kommunikatiounsinstrument fir déi Europäesch Kommissioun. Awer deen ëmmer méi groussen Euroskeptizismus mëscht d'Kaarten nei. D'Loreline Merelle mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen