Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

"Ech hätt dofir gestëmmt, datt den Artikel 7 géint Ungarn agesat gëtt"

Den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker huet gëschter en Appell lancéiert fir méi Unitéit an der EU, Spaltunge missten iwwerwonnen an d'Kompromëssbereetschaft méi grouss ginn. A senger Ried zur Lag vun der EU huet hie gëschter ee weideren Appell fir méi Solidaritéit an der Migratiounspolitik lancéiert.

D'Kommissioun hätt hei Propose gemaach, d'Memberlänner missten sech elo eens doriwwer ginn, wéi si domadder ëmgoe wëllen. Wat huet dës Kommissioun wëlles an de leschten 12 Méint, déi nach bleiwen, ze ënnerhuelen? D'Danièle Weber huet zu Stroossbuerg mam Kommissiounspresident geschwat.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen