arrow_back_ios
Commentaire
EU-Kommissioun: Keen Ass am Kommunizéieren
Des Europäesch Kommissioun ënnert dem Jean-Claude Juncker seet vu sech selwer, si wier eng "politesch" Kommissioun, eng déi net vun Technokraten gefouert gëtt, mee vu Kommissären, déi an éischter Linne Politiker sinn. Géif een dat serieux huelen, géif dozou eng aner Kommunikatiounspolitik gehéieren. Eng, déi ee kloere politesche Profil weist. Dat, wat awer do zu Bréissel praktizéiert gëtt, zeechent alles anescht ewéi eng kloer, couragéiert Linne op.
Mengt d'Danièle Weber an der Auslandskronik