Klassik aktuell
En zéng Milliounen-Dollar-Concert
Eng spannend Geschicht, Musek um héchsten Niveau an en Instrument, dat zu deenen deierste vun der Welt gehéiert. Am Kader vum Mosel Musikfestival proposéiert de Christian Poltéra e Samschdeg den 8. September zu Tréier an der Bibliothéik vum Priesterseminar e Concert, wou net hien, mä säin Instrument am Mëttelpunkt steet. Ofwiesselnd sinn den Cello mam Numm "Mara" ze héieren a Liesunge vum Wolf Wondratschek. Deen huet déi spannend Geschicht vum Instrument nämlech an engem Roman verschafft, an deem d'Mara säi Liewen aus senger eegener Vue verzielt.