Klassik aktuell
A Light in the Dark
Den 1. September 2018 ass d'CD-Release vun enger neier Produktioun mat der Pianistin Sabine Weyer: "A Light in the Dark" ass en Hommage un de Schostakowitsch an déi Wierker, déi tatsächlech wéi Liichtelementer an düsteren Zäiten an der Sowjetunioun erklonge sinn.
Den Disk gëtt vum däitsche Label Ars-Produktioun editéiert mat engem exklusive Schostakowitsch-Programm:
Festliche Ouvertüre, opus 96
Klavierkonzert N.2, opus 102
Sinfonie Nr. 9, opus 70
Sabine Weyer, Piano. Nordwestdeutsche Philharmonie. Direktioun: Erich Polz.
D'Sabine Weyer ass beim Manuel Ribeiro am Studio fir iwwer dësen Disk ze schwätzen.