arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng seele gespillten Uergel an onbekannt Komponisten
Am Kader vun der Serie Le Siècle Tchèque et Slovaque proposéiert den tschecheschen Organist Pavel Cerny e Freideg (24.8.2018) e Recital op der Uergel an der Kierch Saint-Jean am Gronn. Dëse Concert steet ënner dem Patronnage vun der Ambassade vun der Tschechescher Republik.
De Lëtzebuerger Organist Paul Kayser huet gehollef dësen Austausch ze organiséieren a war beim Luc Boentges am Interview, fir iwwer de Concert, d'Uergel an de Programm ze schwätzen.