Klassik aktuell
Pianist a Komponist
Den Thomas Larcher, e Komponist a Pianist, dee sech kënschtleresch als immens oppen erweis, kritt den Ernst-Krenek-Präis vun der Stad Wien.
Datt Museker et mam Reesen am Fliger net einfach hunn, ass gewosst. Vill Fluchgesellschafte verspriechen de Museker, d'Reese mat hiren deieren Instrumenter ze vereinfachen, allerdéngs klappt dat dacks net. Eng US-amerikanesch Cellistin, déi fir hiert Instrument eng Plaz gebucht hat, gouf kuerz virum Start vun de Sécherheetsagenten aus dem Fliger begleet.
De Manuel Ribeiro mat Detailer.