arrow_back_ios
Klassik aktuell
Grenzen iwwerwannen
"Mir wëllen eis eege Grenzen testen an iwwerwannen", seet d'Flüttistin Aniela Stoffels iwwer de Projet "Scandal", dee si mam Perkussionist Victor Kraus entwéckelt. Déi zwee Museker aus dem klassesche Fach hu sech opgemaach, nei Erfahrungen ze sammelen. Si wollte bewosst hire musikalesche Cocon verloossen, sech ausprobéieren an hiren Horizont erweideren. Esou entsteet de Projet "Scandal", ee Work in Progress.