Klassik aktuell
The Voice of Syria
Déi politesch an humanitär Situatioun a Syrien huet dozou gefouert, dat vill Bierger hiert Heemechtsland hu misse verloossen. Musek soll e Mëttel sinn, fir Viruerteeler a Barrièren tëschent der westlecher an arabesch-orientalescher Kultur ofzebauen. Dat ass de But vum Ornina Syrian Orchestra. Den Ensembel, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet, gëtt geleet vum Shafi Badreddinf, fréiere Museksprofesser um Conservatoire zu Damaskus, E Freideg an e Samschdeg (13. a 14. Juli 2018) spillt den Orchester am Groussen Theater. De Manuel Ribeiro war an eng Prouf lauschteren.