Hidden Jazz Gems

Pit Dahm Pol Belardi

De Pit Dahm an de Pol Belardi wulle ganz déif an den Jazzarchiven a presentéiere munch ongeschlaffen Diamanten. Vill Museker hunn Opnamen an Diske gemaach, déi am Schied vun hire grousse populären an incontournabele Produktiounen iwwersi goufen. Oder et si Wierker vu Museker, déi aus diverse Grënn nieft hiren Zäitgenossen net déi Unerkennung kritt hunn, déi si eigentlech verdéngt hätten. A ville Fäll sinn dës verstoppte Schätz esouguer méi räichhalteg a raffinéiert wéi déi, déi et schlussendlech an de Palmarès vun de meescht verkaafte Produktioune gepackt hunn.

Lennie Tristano

Lennie Tristano: net nëmmen eng vun de Schlësselfigure vum West Coast Jazz, war hien e Pianist, deen e spezielle Stil un den Dag geluecht huet. Schonn an den 1950er Joren experimentéiert hie mat Studio-Produktiounstechnike wéi Overdubs an Tempoverännerungen, wat ëm engersäits d'Mëssgonscht vu verschiddene Museker an Acteuren aus der Zeen abréngt, anerersäits awer och de Status vum Pionéier um Gebitt. Mee iwwer de Fait ewech, datt technesch Spillereie benotzt goufe fir dësen Album am Joer 1955 ze realiséieren, fënnt ee vill original an originell Musek drop, déi op eng ganz perséinlech Aart a Weis ëmgesat gouf. Sief et am Fall vun eegene Kompositiounen, engem Requiem un de Charlie Parker oder Standarden, de Lennie Tristano gëtt eng ganz eege Visioun vu sengem Jazz Pianosspill. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

  • Paul Desmond

    En Toun um Altsaxofon, deen een ënner 1.000 Saxophonisten erëmkennt. Virun allem bekannt mam Dave Brubeck senger Band, huet hien och selwer eng staark Stëmm.

  • Lee Morgan

    Den Trompettist am Fokus

  • Phineas Newborn Jr.

    Ee leider vill ze wéineg zitéierten Ausnahme-Museker, deen zwar déi meescht opgeschlosse Pianiste kennen, awer de breeden Jazz-Public net.

  • Miles Davis - In a Silent Way

    Dësen Album markéiert d'Transitioun vum Miles sengem zweete grousse Quintett hin zu senger méi elektronescher Phas.

  • Bill Frisell with Dave Holland and Elvin Jones

    E Gittaren-Trio, dee subtil, an déiwer Entente tëscht de Museker den Toun ugëtt an duerch dem Bill Frisell säin onverkennbare Sound ugedriwwe gëtt.

  • Chick Corea - Now he Sings, now he Sobs

    Op dësem Album presentéiert de prominente Pianist eng absolut opreegend Visioun vum Piano-Trio, déi Traditioun a Modernitéit am Joer 1968 beandrockend matenee verbënnt.

  • Herbie Hancock - Sextant

    D'Ambiance vun dëser Plack ass absolut eenzegaarteg a steet de méi bekannten Hancock-Albumen an näischt no.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen