arrow_back_ios
Klassik aktuell
ClarinetFest 2018 zu Ostende
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Iwwer 800 Museker, dorënner Pädagogen, bekannt Solisten a grouss Orchestere sinn um ClarinetFest 2018 zu Ostende derbäi. Vum 6. bis den 11. Juli gi Meeschtercoursen, Konferenzen, Produite vun Instrumentebauer a Concerte proposéiert. D'Militärmusek an de Luxembourg Clarinet Choir spille sonndes den 8. Juli, um ClarinetFest. Detailer mam Manuel Ribeiro am Gespréich mam Simone Weber, Professorin am Stater Conservatoire, déi bei dësem Event och optriede wäert.