Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Demokratie an Ungarn a Gefor?

An der Europäescher Unioun steet den Ament net nëmme Polen an der Kritik wann et drëms geet, ob d'Prinzipie vun der Rechtsstaatlechkeet agehale ginn. D'Bedenken par Rapport zu verschidde Gesetzer, déi viru Kuerzem an Ungarn gestëmmt goufen, ginn och ëmmer méi grouss. Et geet virun allem ëm ee Gesetz, dat ONGen, déi Réfugiéen hëllefen, kriminaliséieren.

D'Europaparlament kënnt an engem Rapport zum Schluss, datt d'EU misst eng offiziell Prozedur géint Ungarn lancéieren. Bis et esou wäit wier, ass et awer nach ee laange Wee. D'Danièle Weber informéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen