Klassik aktuell
"Lenny" Bernstein - Komponist vum Mount
Et gëtt wuel kaum ee Kënschtler, dee, souwéi de Bernstein, en Allround-Museker war: Piano, Klassik, Jazz, Direktioun a Pädagogie ware seng Stäerkten. Hanner dem Lenny, Komponist vun der "West Side Story", huet sech awer och e Mann verstoppt, dee ganz anere Museksrichtungen nogaangen ass. Gustav Mahler an Aaron Copland ware seng Favoritten: de Bernstein war e wichtegen Interpret vun der traditioneller europäescher Klassik an de Matgrënner vun der moderner US-amerikanescher Musek. De Manuel Ribeiro ass beim Guy Engels am Studio.