arrow_back_ios
Klassik aktuell
Time to say good bye
Mat der 6. Symphonie vum Gustav Mahler huet de Sir Simon Rattle de Berliner Philharmoniker a sengem Publikum gëschter Owend (20.06.2018) Äddi gesot. Allerdéngs trëtt hien nach dëse Sonndeg (24.06.2018) mam Orchester zu Berlin op der Waldbühne op. Et ass keen definitiven Départ vum Simon Rattle. Hie bleift mat senger Famill zu Berlin wunnen a wäert mat de Philharmoniker weider als Gaaschtdirigent zesummeschaffen.