arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng festlech Ouverture fir Nationalfeierdag
Den Nik Bohnenberger, 24 Joer, studéiert zu Berlin Musek a wëllt an den nächste Jore säi Wëssen a punkto Kompositioun nach verdéiwen. Derbäi vergësst hie seng Wuerzelen net: Wann hie kann, spillt hien a sengen Duerfmuseken de Cor. De jonke Museksstudent krut elo d'Commande fir den zivillen Akt an der Philharmonie op Nationalfeierdag. De Manuel Ribeiro huet sech mat him ënnerhalen.