D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.
Blue Note


Stéphanie Neigel an den Jazzpote Thionville
D'Stéphanie Neigel ass d'Stëmm am Paul Fox Collective. Mee weider forméiert si mat dräi aneren Dammen den A-Capella Jazz-Quartett Les Brunettes. Si komponéiert selwer a stellt hir eege Musek mat hirer Band vir, eng Musek am Genre Jazz-Pop. Hire leschten Album koum viru Kuerzem eraus an heescht "In Sachen du". D'Stéphanie Neigel ass Invitée beim Manuel Ribeiro am Studio.
Den Jazzpote Thionville ass en ëmmer immens gutt besichtn Rendez-vous, encadréiert vun enger summerlecher Open-Air Feier. Dëse Festival ass vum 26. bis den 30. Juni op der route de Manom, beim Théâtre en bois. Den Organisateur Christian Schott ass am Interview.
Rezent Emissiounen
-
Carte Blanche an eng CD-Release vum Claire Parsons
D'Claire Parsons am Neimënster an eng CD. Den Téléthon 2019, mat der Lux. Little Big Band. E bekannten Trio an der Philharmonie.
-
Nei Lëtzebuerger CDen a Concerten
Claire Parsons am Neimenster, neien Disque TELE-PORT, Concerten zu Paräis, RESET Festival 2020.
-
CD-Release vu Kneebody / Blues zu Lëtzebuerg
D'Band Kneebody bréngt en neien Disk eraus: "Chapters". Zu Diddeleng gëtt et geschwë Blues ze lauschteren.
-
Residenzen OpderSchmelz
David Ascani 5tet, eng Residenz zu Diddeleng. D'Esther Conter, eng villverspriechend Sängerin. Den Jazzagenda am Land.
-
Panzfestival
De Museker Georges Urwald schwätzt iwwer de Panzfestival, dee vum 14. bis de 17. November zu Gréiwemaacher ass.
-
Vinyl Big Band
De Plackeschaf ass a sengen déifsten Déiften duerchforst gi fir verluere Bijoue vu Big Banden ze entdecken!
-
The Bluebird / Organic Machines / Activate Infinity
Wat ass d'Asbl The Bluebird? Den neien Disk vu Pol Belardi's Force heescht "Organic Machines" an dee vum Trio The Bad Plus "Activate Infinity".
-
Den neien CD vun der Sascha Ley
Den neien Opus vun derr Sascha Ley heescht "It's Allright to be Everywhere".
-
Coltrane a Reis
Ëmmer erëm en Highlight, wann en Album vun engem Artist posthum erauskënnt. Dëst war viru Kuerzem de Fall mat "Blue World" vum John Coltrane.
-
De Michel Reis an de Kulturzenter OpderSchmelz
De Michel Reis feiert eng CD-Release am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng. Mee wat steet hei nach esou Alles um Programm ?
-
Retrouvailles
Nei Release vun alen Opnamen ...vun John Coltrane, Stan Getz a Mark Turner. An en al Bekannten ënner neier Form: den Eric Lewis Piano Solo Debut.
-
Gaume Jazz Festival 2019
E flotte summerleche Festival an der Belsch an eng CD Release vum Alexi Tuomarila
-
Dem Pit Dahm säin zweeten Album
Weider Themen: De Pol Belardi an de Pit Dahm um Blues'n Jazz Rallye 2019. De Saxophonist Donny McCaslin am Interview.
-
David Hoffmann
Net Musek studéieren heescht net onbedéngt, datt een net awer ka vill spillen. Den Jazz-Batteur a Vibraphonist erkläert, wéi et geet.
-
EchterLive & Blues Express
Zwee grouss Rendez-vousen am Summer fir Jazz Cross-over a Blues
Net verpassen
-
Haut den Owend live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen