Klassik aktuell
Eng Weltrees duerch d'Instrumentegeschicht
Vun näischt kënnt näischt, seet d'Spréchwuert. Da gëllt natierlech och fir d'Musek, wou d'Volleksmusek d'Wuerzel vun allem ass, wat mir haut a Concertssäll héieren. Dat gëtt engem däitlech bewosst, wann ee mam Johny Fritz, dem Chef vum Ensembel fir al Musek Tempus est iocundum, duerch seng Instrumentesammlung geet. Vun Armenien bis Tahiti - iwwerall maachen d'Mënsche Musek, an de Prinzip vum Instrumentebau ass am Fong ëmmer deeselwechten. Dëse Weekend (16. &.17.6.2018) weist a spillt Tempus est iocundum op engem klengen Ausschnëtt aus dëser Sammlung am Concert "Célèbres BIS et autres curiosités".