arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Bach bis Petrovic-Vratchanksa
Et war keng schlecht Saison fir d'Pianistin Sabine Weyer. Mat zwou neie Produktioune konnt si de Public an d'Fachpress iwwerzeegen. Fir hire Mendelssohn-Bach-CD krut si souguer eng Nominatioun bei den International Classical Music Awards an och hire Programm "Bach to the Future" ass vill gelueft ginn. Dem J.S. Bach seng Musek zitt sech wéi e roude Fuedem duerch der Pianistin hir Programmen, a si feelt och net am Concert an der Philharmonie, den 19. Juni, wou och Musek aus dem 21. Joerhonnert um Programm steet.