arrow_back_ios
Commentaire
D'Ofdreiwungsgesetz an Nordirland
De 25. Mee hat Irland an engem Referendum "Jo" zu der Ofdreiwung gesot. Eng Decisioun, déi elo och Repercussiounen op Nordirland kéint hunn. Well, am Géigesaz zum Recht vu Groussbritannien, wou Ofdreiwungen zanter 1967 erlaabt sinn, sinn d'Ofdreiwungen do nach ëmmer verbueden. Nom "Jo" vum Noper Irland ginn et awer elo ëmmer méi Stëmmen an Nordirland déi sech fir de selwechte Wee asetzen. Hannergrënn vum Elodie Goulesque.