arrow_back_ios
Klassik Live
Den 2. Pianosconcerto vum Brahms mam Rudolf Buchbinder
E Wierk, dat de Johammes Brahms um Héichpunkt vu senger Carrière als Pianist a Komponist geschriwwen huet. E Pianist, deen an de grousse Concertssäll vun dëser Welt doheem ass, an en Dirigent, dee mat sengen 29. Joer zum nächste Chefdirigent vum Israel Philharmonic Orchestra ernannt gouf.
De Rudolf Buchbinder interpretéeirt dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto. Begleet gëtt hien vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Lahav Shani.