arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Akkordeon am symphonesche Concert
Et ass ongewinnt, en Akkordeon als Solo-Instrument mat engem Symphonieorchester ze erliewen. De Richard Galliano ass ee vun deene Museker, déi d'Instrument staark géint de Cliché vum Brëtellspiano verdeedegen. Hie spillt Bach, Vivaldi, Piazzolla grad esou gutt ewéi Jazz. De franséische Museker ass den Owend (24.05.2018) Invité vum Philharmoneschen Orchester Tréier.