Blue Note

D'Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Rescht vun der Welt. De Manuel Ribeiro schwätzt mat Museker, presentéiert aktuell Tendenzen a kënnt op Klassiker zeréck.

Paul Wiltgen - Michel Reis - Marc Demuth

Reis Demuth Wiltgen: Neien Album

Den Trio Reis/Demuth/Wiltgen ass e Pilier vum lëtzebuergeschen Jazz an huet sech an all deene Joren eng zolitt Reputatioun och op der Internationaler Jazzzeen gemaach. Keng Artificen, keng Elektronik, keng Gäscht, just di dräi Museker Michel Reis, Piano, Marc Demuth, Sträichbass a Paul Wiltgen op der Batterie, esou d'Konstellatioun vum neien Album.

Di dräi Museker waren am Studio beim Manuel Ribeiro an hu méi zum Album verroden, wéi och iwwert hir Carrière.

 

 

Rezent Emissiounen

  • Stacey Kent / Marly Marques 5tet

    D'Stacey Kent kënnt an de Casino 2000. De Marly Marques Quintet sinn als Artists in Residence am Lika a Jazz Machine zu Diddeleng.

  • Concerte mee och Artists in Residence zu Diddeleng

    D'Trombonistin Reut Regev's R Time an de Pol Belardi am Gespréich.

  • Like a Jazz Machine under New Management

    D'Patricia Jochheim presentéiert déi 8. Editioun vum erfrëschendsten Jazz Festival am Land, vum 16.-19. Mee am Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng.

  • Photo-Concert Crossroads

    De Photo-Concert Crossroads am Neimënster. De Wëlzer Festival an zwee Jazzeventer. Den neien Album vum Joey DeFrancesco.
     

  • The Young Lions - Den Nowuess am Jazz zu Letzebuerg

    Den Etienne Grüness an de Luca Pedana si knapps mam Lycée fäerdeg a wëllen Jazz studéiere goen.

  • Hope mam ONJL

    Den Orchestre national de Jazz Luxembourg mat engem neien Album. En Jazzowend zu Koplescht de 5.4.2019 am Centre Wirtspech.

  • Kenny Werner a Marc Demuth

    De Kenny Werner ass net nëmmen e wichtege Pianist an Auteur vun engem Buch iwwer de Mindset an der Musek, mee och Gaascht zu Iechternach

  • Jazz-Aktualitéit zu Lëtzebuerg

    An deenen nächsten Deeg sinn eng Partie Concerten am Land programméiert.

  • Aktualitéit

    Et versprécht eng gutt Saison ze gi mat ville bekannten Acts aus der ganzer Welt, dorënner de Brad Mehldau oder och nach de Cinematic Orchestra.

  • Festival EchterLive

    Aus dem Iechternacher Festival gëtt de Festival EchterLive, mat populärem Jazz, World, Pop, Funk an anere Museksrichtungen.

  • Benoit Martiny

    De Batteur presentéiert den zweete März säin neie Projet an der Philharmonie.

  • Reggie Washington 4tet an de jonken Eric Junker

    "Gateway Suite", nei CD-Release zu Diddeleng an de Projet "Voyage" vum Daniel Herskedal

  • Pit a Pol - The Return

    Eng ganzer Stonn feinsten, erfrëschendsten an opreegentsten Jazz ... oder? Ass dat do iwwerhaapt nach Jazz? Fannt et eraus!

  • Lost in Translation - CD Release

    De Michel Meis 4tet feiert d'Release vun hirer éischter CD. De Criss Cross Europe Projet. Di nei CD vum Jeff Ballard.

  • Kulturzenter OpderSchmelz bléckt an d'Zukunft

    Kontinuitéit ass ugesot zu Diddeleng am Kulturzenter, mat engem méi groussen Accent op Publicitéit.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen