Invité:e vum Dag
Claude Seywert
De Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo hat zejoert en däitlecht manner gutt Resultat wéi d'Joer virdrun. E gesäit sech awer gutt opgestallt fir d'Zukunft, wou d'Transitioun op méi propper Energien a manner Energieverbrauch eng grouss Erausfuerderung bleift. Och am Aktionariat vun Encevo kënnt dëst Joer mam Réckzuch vum Investmentfong Ardian (dee seng 25,48 Prozent verkafe wëllt) eng gréisser Ännerung op Encevo duer. Doriwwer geet rieds mam Claude Seywert. Den aktuellen Direkter vu Creos iwwerhëlt am September bei Encevo de Poste vum Generaldirekter.
Moderatioun: Pierre Reyland.