Klassik aktuell
Concerto Imperiale
Artemandoline ass ee vun deene raren Ensembele weltwäit, déi de Repertoire fir Mandolinn aus der Renaissance an dem Barock promovéieren. De lëtzebuergeschen Ensembel gëtt als ee vun deene beschten am Genre ugesinn. Dëst Joer soll en neien Disk bei Sony Classical erauskommen, an eng weider Produktioun mat der Sopranistin Nuria Rial ass a Virbereedung. Dëse Sonndeg (13.5.2018) trëtt Artemandoline am Schlass zu Buerglënster op mat engem Programm ënner dem Motto Concerto Imperiale. De Manuel Ribeiro huet sech mam Juan-Carlos Munoz ënnerhalen.