Metal Meltdown
Anthrax & Lost In Pain
60 min
Anthrax
De 27. Abrëll hunn d'Thrash Legenden Anthrax hir nei Live DVD Kings Among Scotland um Start, op där ënnert anerem hiren Optrëtt am Barrowland Ballroom zu Glasgow ze gesinn ass, wou si hire Kultalbum Among The Living integral gespillt hunn. Wéi si dëse Concert an d'Virbereedungen dorop erlieft hunn, op weider sou special anniversary Concerten oder Toure geplangt sinn, a wéi si et als Membere vun de Big 4 et verkraften, dass Slayer ophalen, bzw ob si elo eventuell souguer selwer doriwwer nodenken, den Hutt un den Nol ze hänken, hunn ech probéiert am Interview mam Haaptsnogwriter an Drummer vun der Band Charlie Benante erauszefannen
Release vun der Woch: Lost In Pain - Gold Hunters (8,5/10)
Méi Lost in Pain, manner Metallica. Mat deene Wierder hat ech mäi Review vum 2. Album vun der jonker Lëtzebuerger Thrash Band virun 3 Joer agelaut. An eigentlech kéint ech dat dës Kéier genee esou maachen. Allerdéngs kënnt um neien Album Gold Hunters, deen de 7. Abrëll erauskënnt, nach esou munches méi dobäi, wat e vu sengem Virgänger ënnerscheed.
Wat als éischt opfält ass d'Produktioun, déi dës Kéier e gudde Krack méi fett ausgefall ass, wéi um leschten Album, an dat obwuel d'Band mat D Standard fir modern Verhätlnisser héich gestëmmt ass.
Den Titeltrack mécht den Album op eng ganz fett, duerch d'Benotze vun oppenen Akkorden awer atmosphäresch Aart a Weis op, iert et a ganz groovegt Geriffs iwwergeet. Hei gëtt engem dierkt kloer, dass d'Gittaren allgemeng e Stéck méi virtuos a verspillt gi sinn, obwuel d'Musek vu Lost In Pain à la base nach ëmmer Thrash Metal ass. Ma bei der Approch vun de Riffer fillt ee sech dann awer well bëssen u prog à la Mastodon erënnert.
Nieft dëser bësser méi proggescher Approche gëtt et zum Deel awer och déi eng oder aner Referenzen a Richtung melodeschen an thrashege Metalcore à la Bullet for my Valentine. Béides aart awer ni esou schlëmm aus, dass ee behaapte kéint, dass Lost in Pain vun enger Metallica Tribute Band zu enger Mastodon oder Bullet for my Valentine Tribute Band gi sinn.
Et dauert och net laang bis ee feststellt, dass net nëmmen d'Gittare méi verspillt sinn, mä och d'Stëmm. De Frontmann Hugo huet vill méi Melodie, Ofwiesslung an Dynamik a seng Stëmm bruecht, wou ënnert anerem d'Harmonien e gudden Deel dozou bäidroen, déi hien an de Refraine benotzt.
Natierlech héiert een nach ëmmer bëssen en Hetfield eraus, mä dat kann een dem Hugo net iwwel huelen. Schéin Harmonië gëtt et iwwregens net nëmmen an der Stëmm, mäm och bei der Gittar, sou wéi et sech fir eng melodesch Thrash Band gehéiert, déi am Ufank virun allem Metallica nogeäifert hunn.
Nieft de melodeschen Deeler, déi ëmmer schéin harmoniséiert sinn, bidde Lost in Pain awer och genuch Heaviness um Album, alles a gesondem Mooss, esou dass een zu de richtege Momenter matgerappt gëtt an et ni langweileg gëtt.
Wat mir och immens gutt gefall huet, ass dass d'Band et och fäerdeg bréngt, nieft kompromësslosem Thrash Metal bësse méi lues ze trëppelen an och eng Ballad op den Album gepak huet, an där d'Gittariste beweisen, dass se och op der akustescher Gittar eng drop hunn a wou den Hugo beweist, dass hien net nëmme jäize kann.
Mat Gold Hunters weise Lost in Pain, dass si alt nach emol e Krack méi erwuess gi sinn, esouwuel wat Songwriting ugeet, wéi och d'Ëmsetzung op den Instrumenter; an och dem Luca seng Drums ënnermolen d'Lidder ëmmer genee richteg, wat vill dozou bäidréit, dass d'Riffer esou grooveg eriwwer kommen.
Gold Hunters kënnt de 7. Abrëll eraus. Dësen drëtten Album gëtt natierlech och gebührend mat enger Release Party an der Rockhal gefeiert. Mat dobäi sinn The Majestic Unicorns From Hell an Everwaiting Serenade. Den Entree ass gratis.
Playlist
Slayer - Seasons in the Abyss
Rivers of Nihil - A Home
Anthrax - Madhouse
Gozu - The People vs. Mr. T
We Sell The Dead - Trust
Lost in Pain - Gold Hunters
Sleepers' Guilt - Two Words