Radioen

On air

Moiesstudio  |  Gilles Hempel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Lost In Pain & Primordial

Lost In Pain & Primordial

Lost In Pain

Haut schwätze mer mam Hugo a mam Dario vu Lost in Pain iwwert hiren neien Album Gold Hunters, deen de 7. Abrëll erauskënnt. Si erzielen ënnert anerem wéi schwéier si et fonnt hu fir sech vum Image ze léisen, si wiere just eng Metallica Copy an natierlech ëm wat et um Album eigentlech geet.

Release vun der Woch: Primordial - Exile Amongst The Ruins (8/10)

Primordial ass eng Band, déi muss een net laang virstellen. Am Laf vun hirer Carrière, déi bal 30 Joer wäit zréck geet, hu si sech als eng vun den eenzegaartegste Bands erausgestallt, déi déi international Metal Zeen ze bidden huet, andeems si hir eegen Niche bannent dem Tirang vum Pagan Metal geschaf hunn. Dëst Joer, fir genee ze sinn, haut si se nees zréck mat hirem 9. Studio Album Exile Amongst The Ruins.

Op dësem neien Album ginn d'Iren nees zréck bei ee bësse méi réie Sound, ouni dobäi Kompromësser bei hire spruddelegen Emotiounen ze maachen, fir déi d'Band esou bekannt ass.

Mat Glacke gëtt Exile Amongst The Ruins agelaut, zesumme mat enger fragiler akustescher Melodie am Opener Nail Their Tongues, iert eng schwéierfälleg Batterie eng perfekt Konterpartie fir dem Nemtheanga seng kräfteg Vocals bitt a stramm Bass-Lines a stiermesch Gittar Riffer de Song vervollstännegen a mat bal gespenstesche Vocals e freneteschen Héichpunkt fannen.

E relativ abrupte Schluss féiert den Nolauschterer bei dat méi séiert To Hell Or The Hangman, wat jo well als Video erauskomm war a wat eis mat sengem gallopéierende Rhythmus a senge pakende Lyrics an de Kampf féiert. Duerno gëtt bei Where Lie The Gods den Tempo nees zréckgefuer an eng hypnotiséierend Melodie wieft verdreemten viru sech hin, a gëtt dobäi ëmmer méi komplex.

Als nächst ass den Titeltrack un der Rei, e luesen a méi melancholeschen Track, deen ee mat senger Atmosphär péckt, wéi e Sumpf aus deem en net méi erauskënnt. Eraus kënnt een awer spéitstens mam nächsten Track, deen allerdéngs och relativ schwéierfälleg ass. Upon Our Spiritual Deathbed huet nämlech den Tempo vun engem Trauergesang an hannerléisst beim Nolauschterer dGefill vum Onauswäichlechem, iert ee sech bei Stolen Years, engem extrem atomsphäreschen a minimalisteschen Track dach awer bëssen eidel fillt..

Méi turbulent a kämpferesch geet et da mat Sunken Lungs nees virun, iert de Closer Last Call sech mat senger himmlescher, ätherescher Melodie lues a lues entfaalt, bis Plaz ass fir en düsteren a bedréckende Song, deem den Album e ganz potente Schluss gëtt.

Alles an allem ass Exile Amongst The Ruin een zolitte Primordial Album, deen a kenger Fa Sammlung däerf feelen, och wann e mat Momenter relativ iwwerraschend an ongewinnt dohir kënnt. Mä och déi Momenter stinn der Band gutt zu Gesiicht.

Playlist

God Dethroned - The Grand Grimoire

The Crown - We Avenge

Lost in Pain - Gold Hunters

WASP - Docter Rockter

Amorphis - The Bee

Burn The Priest - Inherit The Earth

Primordial - To Hell Or The Hangman

Asphyx - Forerunners Of The Apocalypse

Episoden