Whistleblower sollen europawäit besser geschützt ginn. D'Europäesch Kommissioun huet gëscht eng entspriechend Direktive presentéiert.
Eng ganz Partie Skandaler wiere ni opgedeckt ginn, ouni datt couragéiert déi néideg Informatiounen ëffentlech gemaach hunn, sot den Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Frans Timmermans zu Bréissel.
D'Direktive gouf vun ONG'en wéi vun Europaparlamentarier begréisst. Den Text wier awer net iwwerall kloer genuch, huet et gëscht zu Bréissel geheescht.