Klassik aktuell
E Klassiker
Aacht Oscaren huet dem Milos Forman säi Film "Amadeus" 1984 gesammelt - dorënner ee fir de Fred Murray Abraham, deen den Antonio Salieri, dem Mozart säi grousse Rival, gespillt huet. Ëm dës Rivalitéit, déi et a Wierklechkeet guer net gouf, dréint de Film, deen net wesentlech gehollef huet, dem Salieri säin Image opzebesseren. Dem Mozart säi Konkurrent an der Gonscht vum Keeser sëtzt an engem Asyl a beicht engem Geeschtlechen, datt hien de Mozart vernichte wollt. Et ass d'Ouvertureszeen vum Filmklassiker, dee muer Freideg (13.4.2018) mat Live-Musek an der Philharmonie gewise gëtt.