arrow_back_ios
Klassik aktuell
As long as there will be ...
Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival ass dëse Sonndeg (15.4.2018) um véier Auer am Klouschter Fünfbrunnen e Gedenkconcert mat der Cellistin Yvonne Timoianu. Um Programm sti Wierker vun de Komponistinne Frieda Salomon-Ehrlich an Helen Bucholtz an och eng Uropféierung vum Lëtzebuerger Komponist Jeannot Sanavia.
De Luc Boentges huet mam Romain Kremer a mam Jeannot Sanavia iwwer dëse Concert geschwat.