Kultur
Participatioun: nei Formen am Dokumentarfilm
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hunn zwou technologesch Entwécklungen d'Entstoe vum Dokumentarfilm begleet: d'Verbreede vun der Televisioun an d'Méiglechkeet, Bild an Toun gläichzäiteg um Set opzehuelen. Den Documentaire d'Observation, de Cinéma Direkt oder d'Reportagë si fréi Forme vum Documentaire, déi bis haut nach gängeg sinn. Mee an de leschte Joren hunn Auteuren no neie Forme gesicht, déi et erméiglechen, Geschichten op eng manner lineaire a méi experimentell Aart a Weis ze erzielen, souwéi och nei Technologien ze gebrauchen. Detailer vum Charlotte Bruneau.