Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Politesch Skandaler am Peru

Leschten Dezember ass am Peru de fréieren Diktator Alberto Fujimori vum deemolege peruanesche President Pedro Pablo Kuczynski fräigelooss ginn. Offiziell huet et geheescht, de Fujimori wier wéinst gesondheetleche Grënn fräigelooss ginn. Hannert deem kontroverse Begnodegen soll awer ee politescht Motiv stiechen. Als Konsequenz huet de Kuczynski den 21. Mäerz säin Amt ofginn. De Mohamed Hamdi mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen