arrow_back_ios
Klassik aktuell
100. Doudesdag vum Claude Debussy († 25.3.1918)
De Magazin Resonanzen ass ganz dem Komponist Claude Debussy gewidmet. De 25. Mäerz 2018 sinn et 100 Joer hier, datt de Meeschter vum Impressionismus gestuerwen ass. Allerdéngs huet hien d'Etiquette vum Impressionist net wollten droen. Am Mëttelpunkt vu sengem Schafen steet ënner anerem de Piano.
De Manuel Ribeiro begréisst am Studio d'Pianistin Sabine Weyer fir iwwert d'Pianosmusek vum Claude Debussy ze schwätzen.