arrow_back_ios
Klassik aktuell
Péché de vieillesse
Laang näischt méi héieren ... vum Gioachino Rossini: esou hätt et ëm 1860 wahrscheinlech geheescht, wann een d'Fro gestallt hätt, wat aus deem erfollegräichen Operekomponist gi wier. De Rossini hat sech zeréckgezunn, aus gesondheetleche Grënn, awer och well hie sech et leeschte konnt. 1864 mellt e sech op emol nees zu Wuert - mat senger "Petite Messe solennelle". Dëst spéit Rossini-Wierk steet haut den Owend um Programm vum Ouschterconcert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.