Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Patrimoine als psychesch Pathologie?

Patrimoine ass eppes, wat Leit hannerloossen, a mat deem aner Leit sech dann auserneesetze mussen. Mee dofir muss awer emol genee gekuckt ginn, wat Patrimoine schlussendlech ass, a wat net. Déi Analys féiert zu enger anerer Fro, nämlech där, wat Patrimoine eigentlech iwwert d'Mënschheet am grousse ganzen ausseet, oder wat et fir si bedeite kann.

De Philosoph Thomas Koenig hëlt de Begrëff ënnert d'Lupp a mengt, datt ee sech net just froe sollt, wat zum Patrimoine gehéiert, mee ob dat iwwerhaapt wichteg ass ... a wat dat iwwert eis Spezies ausseet.

Rezent Emissiounen

  • Dat hellegt Russland

    Dat hellegt Russland - dat si Klischeeën, d'accord, awer och eng Obama-vertrumpte fréier Geleeënheet vu Rhäin bis Kamtschatka.

  • Allerhellgen

    Allerséilen an Allerhellgen sinn eng onsënnesch Plo!

  • Wunnen

    Wëlle mir nach zerguttst iergendwou fest an eendeiteg doheem sinn? A schwätze mir net nëmmen vun onbezuelbarem Wunnraum?

  • Bauen, wunnen, denken!

    Sou den Heidegger. E Spadséierwee bis hannen an de Luberon.                                                                                                   

  • Däitschland

  • Däitschland II

    Däitschland ass a bleift, souguer fir eis, Schrumpfgermanen, en onheemlecht Rätsel.

  • D'Republik am Umarsch

    Mir huelen déi "Republik am Umarsch" mam Schlawittchen, a wäerten et Frankräich, der Belsch an de Preisen et scho gehéiereg weisen.

  • Zwee Fantasmata

    E Computer-Krich ouni Doudeger? A wie wäert en eemol gewonnen hunn?

  • Bestand-Opnam

    Lëtzebuerg ass en anert ginn. Firwat och net?

  • Zwangsrekrutéiert

    Am beschte schreiwe mer d'Geschicht, wann d'Zäitzeien all dout sinn.

  • Net ze gleewen

    Mir brauche keng ausgefale Genië méi, mir hu jo den Handy.

  • Leipniz

    Wéi wär et mat enger Demokratie aus dem Computer?  

  • Den Dag duerno

    Am Frankräich sinn déi demokratesch Wierfel gefall. Oder huet de Weltgeescht just gehëmmst?

  • Uiguren

    Wann de Singkiang "gemaassregelt" gëtt, ass dat wuelverstanen net als heemlech Warnung vu gescheite Chinese fir eis geduecht.

  • 1. Mee

    Den 1. Mee ass den Dag vun der Aarbecht. Dofir hu mer da fräi a fuerderen “an”.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen