Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Patrimoine als psychesch Pathologie?

Patrimoine ass eppes, wat Leit hannerloossen, a mat deem aner Leit sech dann auserneesetze mussen. Mee dofir muss awer emol genee gekuckt ginn, wat Patrimoine schlussendlech ass, a wat net. Déi Analys féiert zu enger anerer Fro, nämlech där, wat Patrimoine eigentlech iwwert d'Mënschheet am grousse ganzen ausseet, oder wat et fir si bedeite kann.

De Philosoph Thomas Koenig hëlt de Begrëff ënnert d'Lupp a mengt, datt ee sech net just froe sollt, wat zum Patrimoine gehéiert, mee ob dat iwwerhaapt wichteg ass ... a wat dat iwwert eis Spezies ausseet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen