De Pit Dahm an de Pol Belardi wulle ganz déif an den Jazzarchiven a presentéiere munch ongeschlaffen Diamanten. Vill Museker hunn Opnamen an Diske gemaach, déi am Schied vun hire grousse populären an incontournabele Produktiounen iwwersi goufen. Oder et si Wierker vu Museker, déi aus diverse Grënn nieft hiren Zäitgenossen net déi Unerkennung kritt hunn, déi si eigentlech verdéngt hätten. A ville Fäll sinn dës verstoppte Schätz esouguer méi räichhalteg a raffinéiert wéi déi, déi et schlussendlech an de Palmarès vun de meescht verkaafte Produktioune gepackt hunn.
Hidden Jazz Gems
Nate Smith - Kinfolk: Postcards from everywhere
Den Nate Smith kann ee mat Recht als ee vun den am déifste groovende Batteure bezeechnen. Hie léint säi Spill villen interessante Gréissten aus der Jazzwelt, wéi dem Chris Potter, dem José James oder dem Lionel Loueke. No ganz vill Erfahrung als Sideman war et dunn awer eng Noutwendegkeet en eegene Projet ze maachen. Et goung, dem Smith no, dorëms, Musek mat ganz wéineg a simplisteschem Material ze kreéieren, bei där all Instrumentalist am Grupp säin eegenen Input ka matbréngen an net agëengt gëtt, als Recherche vun engem richtege Bandsound. D'Resultat ass e wonnerbaren Album mat vill gudde Vibes, schéiner Musek, awer ouni de Groove ze vergiessen!
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.
Rezent Emissiounen
-
Paul Desmond
En Toun um Altsaxofon, deen een ënner 1.000 Saxophonisten erëmkennt. Virun allem bekannt mam Dave Brubeck senger Band, huet hien och selwer eng staark Stëmm.
-
Lee Morgan
Den Trompettist am Fokus
-
Phineas Newborn Jr.
Ee leider vill ze wéineg zitéierten Ausnahme-Museker, deen zwar déi meescht opgeschlosse Pianiste kennen, awer de breeden Jazz-Public net.
-
Miles Davis - In a Silent Way
Dësen Album markéiert d'Transitioun vum Miles sengem zweete grousse Quintett hin zu senger méi elektronescher Phas.
-
Bill Frisell with Dave Holland and Elvin Jones
E Gittaren-Trio, dee subtil, an déiwer Entente tëscht de Museker den Toun ugëtt an duerch dem Bill Frisell säin onverkennbare Sound ugedriwwe gëtt.
-
Chick Corea - Now he Sings, now he Sobs
Op dësem Album presentéiert de prominente Pianist eng absolut opreegend Visioun vum Piano-Trio, déi Traditioun a Modernitéit am Joer 1968 beandrockend matenee verbënnt.
-
Herbie Hancock - Sextant
D'Ambiance vun dëser Plack ass absolut eenzegaarteg a steet de méi bekannten Hancock-Albumen an näischt no.
Programm
-
Déjà Vu - Led Zeppelin - Led Zeppelin
-
On air
Resonanzen
-
Spektrum
-
Noriichten
-
Ënnerwee
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen