Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Ondemokratesch Presidentschaftswahlen an Ägypten

Fir d'zweete Kéier zënter dem Militärcoup vun 2013 sinn an Ägypten Presidentschaftswahlen. Vun engem demokratesche Prozess kann ee bei de Wahlen awer net schwätzen. Den amtéierende President Abd-El-Fatah El Sissi versicht mat alle Mëttelen, d'Oppositioun anzeschüchteren a si vun enger Bedeelegung um politesche Geschéien ofzehalen. Een nom aneren hunn d'Oppositiounskandidaten, déi géint hien untriede wollten, hir Kandidatur zeréckgezunn, nodeems si Dreeunge kritt hunn. De Mohamed Hamdi iwwert déi aktuell Situatioun zu Kairo.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen