Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Philosophie vun der Zäitrees

Am Renée Barjavel sengem Roman "Le Voyageur Imprudent" vun 1944, reest den Haapt-Protagonist Pierre Saint-Menou zeréck an d'Zäit a bréngt säi Grousspapp ëm. Dëst féiert natierlech zu engem Paradox. De Saint-Menou schéngt gläichzäiteg z'existéieren an net z'existéieren. Beweist dëse Zeenario, datt eng Zäitrees logesch gesinn onméiglech ass? Den Jamie Reinert mat Denkustéiss.

Rezent Emissiounen

  • Alles beliebeg

    Mir loossen eis drillen, alles "beliebeg" ze fannen, wat fréier eemol "tabu" war.

  • Maien-Glück

    "Alles neu macht der Mai."

  • Justiz

    Justiz, gëschter an haut. Oder: Justiz haut fir Onrecht vu gëscht ...

  • Dräi mol richteg

    Dem ale Plato seng Staats-Utopie ass eis banal Wierklechkeet - a mir hunn et net mol gemierkt, ausser engem onnëtze Philosoph, hei an do.

  • Gutt gemengt

    Gutt gemengt ass schlecht gemaacht - fräi nom B. Brecht

  • Roboter

    D'Roboter sinn d'Engele vu muer, an all Engel ass schrecklech, sot de Rainer Maria Rilke.

  • De divinatione

    Kann een d'Zukunft viraussoen? Oder besser: wie kann et richteg? Den Zauberer, de Schaman, den Astrolog oder de Meteorolog bzw. den éischt-beschte Roboter?

  • De Björn Höcke

    Den AFD-Mann kritt virgeworf, den Holocaust verunglimpft ze hunn.

  • Zwou Welt-Anschauungen

    Mir sinn all gutt Mënschen, zemools eis selwer géintiwwer. Fir de Rescht gesi mer da muer.

  • G. Hausemer

    Friem an dach ähnlech wéi Lëtzebuerg: d'Baskeland vereent de Schrëftsteller, den hl. Mann an en heemleche Philosoph.

  • Egoismus

    Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.

  • Freud

    De Freud erklärt eis, wéini a firwat mir wou laachen. Muenchmol bleift et eis am Hals stiechen.

  • Matleed

    Fir den Nietzsche ass d'Matleed den Iwwel "tout court". Soll dat stëmmen?

  • Gläichberechtegung

    Mann a Fra si gläich - gëtt gesot. Gëtt et awer net e klitzegklengen Ënnerscheed, deen et, wuertwiertlech, a sech huet?

  • Rassismus

    Rasse gëtt et keng an et soll keng ginn - heescht et. Et ass tabu, doriwwer ze schwätzen, oder bal. Hei dofir e puer Uleef ... 

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen