Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Genetik - Designer-Babies

Genetesch Selektioun ass schonn eng Realitéit, Präimplantatiounsdiagnostik genee esou, a genetesch Manipulatioun u mënschlechen Embryoen och, och wa se nach illegal ass. Eng Diskussioun vun e puer representative Fäll a vun den Argumenter, déi fir genetesch Manipulatioun a bewossten Design vu Kanner schwätzen a vun deenen, déi dogéint schwätzen. De Philosoph Thomas Koenig huet nogefuerscht, wei d'Realitéit um Terrain ausgesäit.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen