Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Ee Konflikt, dee bis haut nach net geléist ass

Haut op den Dag viru 26 Joer hunn armenesch Zaldote méi wéi 150 Zivilisten am Duerf Khodjali ëmbruecht. Et ass dee bluddegste Massaker am Nagorno-Karabakh Krich tëscht Armenien an Aserbaidschan - ee Konflikt, dee bis haut nach net geléist ass.
Trotz dem Waffestëllstandsofkommes tëscht Armenien an dem Aserbaidschan ass den territoriale Konflikt ëm d'Karabakh-Regioun nach ëmmer net geléist. De Risiko, datt de Konflikt nees eskaléiert, ass reell: béid Natioune rüsten op a sinn net kompromëssbereet. Hannergrënn vum Mohamed Hamdi.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen