Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Op Afrikatour: wéi funktionéiert d'Flüchtlingskris?

D'lescht Joer sinn 120.000 Flüchtlingen iwwert d'Mier an Italien ukomm. 3.100 sinn am Mëttelmier ëmkomm. Déi grouss Majoritéit koum aus Libyen. Mënschen aus allméigleche Länner - déi meescht aus West-, Zentral- an Ostafrika. Si ginn a Lager ënnerbruecht, ënner deels katastrophalen Zoustänn, déi rezent duerch en CNN-Reportage weltwäit fir Indignatioun gesuergt hunn.

Op Missioun an Nordafrika huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d'lescht Woch mat enger Lëtzebuerger Delegatioun d'Situatioun ugekuckt. D'Mick Entringer war fir de radio 100,7 mat an Tunesien, a Libyen an an de Niger.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen