arrow_back_ios
Kultur
There and back again am Cercle Cité
Lues awer sécher kënnt de Luxembourg City Film Festival méi no: Lénks a riets ginn Ausstellungen zum Thema Film op. Zum Beispill am Ratskeller vum Cercle Cité. D'Expo There and back again - Visions de Tolkien et d'ailleurs huet op den 1. Bléck näischt mat beweegte Biller ze dinn. Mä de Kënschtler hannert den Illustratiounen, den John Howe, war als Zeechner fir d'Lord-of-the-rings-Film-Trilogie engagéiert ginn. An doriwwer huet hien ënnert anerem mam Kerstin Thalau geschwat.