Prisma

Thomas Koenig Gilles Retter Joel Holtzem

Aktuell philosophesch an ethesch Froen.

Sensatioun Gurlitt?

Am Kader vun der grousser Ausstellung zu Bonn, iwwert de Gurlitt Konschtfundus an den NS Kunstraub, stellt sech d'Fro no der wierklecher Schold vun dem Cornelius Gurlitt, dem leschten Privatbësetzer vun de 1500 Konschtwierker déi 2012 a sengen zwou Wunnengen entdeckt gi waren.

Rezent Emissiounen

  • Total Aarbecht

    Wa mir just nach schaffen, verpasse mir alles, wat eisem Liewen e Sënn gëtt. E philosophesche Plädoyer fir d'Summervakanz.

  • Seng Vakanz sënnvoll verbréngen

    Eng Analys vum Konzept vun der Vakanz an eng Diskussioun, op eist Verhältnis zur Vakanz net duerch eis Approche zur Aarbecht gesteiert gëtt.

  • Musikalesch Improvisatioun

    Vergänglechkeet an d'Ästhetik vun der Imperfektioun.

  • D'Philosophie vum Nondidjëft

    Mir brauchen eng Sproochphilosophie vu schlëmme Wierder.

  • E Liewen ouni Doud?

    D'Méiglechkeet, den Doud dank Fuerschung ze iwwerwannen, stellt de Mënsch net nëmme viru Medizin-ethesch Froen, mee och virun d'Fro vum Sënn vum Liewen.

  • Examen

    Examen sinn eng Belaaschtung fir all Mënsch. An net all Mënsch ass där Belaaschtung gewuess. Musse mer d'Examen also net ofschafen?

  • Tëscht Kaméidi a Silence

    Musek, organiséierte Klang, an den John Cage mat senge 4 Minutten 33 Sekonnen.

  • Kämpfe fir eng besser Welt?

    Eng Analys vun der Fro, op et legitim ka sinn, sech mat Gewalt fir seng Iddien anzesetzen.

  • D'Interpretéiere vu Mee 68

    Eng Diskussioun vun den Schwieregkeeten, komplex a politesch gelueden Evenementer ze deiten an e Léisungsversuch.

  • Am Epikur sengem Gaart

    Einfach Pleséieren, Frëndschaft a keen Onkraut.

  • Politik an der Intimsphär

    Eis sexuell an ästhetesch Virléifte reflektéieren de soziale Kontext, an deem se sech developpéiert hunn. Mee mir kënnen eis befreien.

     

  • Patrimoine: Wat solle mir retten?

    Eng Iwwerleeung doriwwer, wéi eng Gesellschaft auswielt, wat zum Patrimoine gehéiert a wat net, a wat dat iwwert déi Gesellschaft ausseet.

  • Patrimoine als psychesch Pathologie?

    Eng Analys vum Begrëff Patrimoine, an eng Diskussioun iwwert dat, wat Patrimoine eis iwwert d'Ënnerbewosstsinn vun der Mënschheet erzielt.

  • Philosophie vun der Gastronomie

    Ass de Croissant e Konschtwierk? Ass Kachen um héijen Niveau eng Konschtform?

  • Genetik - Klonen

    Eng Diskussioun iwwer Pro an Kontra vun der Klon-Technologie an iwwer verschidde reell Fäll, falls se sollt op de Mënsch ugewannt ginn.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen